Dës Fro ass sëcherlëch berechtëgt, gin et dach iwwerall allerlee Déieren an batterer Nout!
Save Snoopy ass awer besonnech besuergt iwwert Muppen an Rumänien. Dës wonnerbar Kreaturen gin dohannen schlecht, jo suguer ganz schlecht behandelt! Gewalt hinne géigeniwwer ass net selten an Vertrauensmëssbréich och! D’Hënn kommen eng Famill fir do Wuecht ze haalen iwwert d’Haus, d’Leit an och d’Déieren wéi Kéi an Schoof. Wann d’Muppen dann awer eventuell ze aal gin, oder keng Déieren méi ze iwwerwaachen sin, aus wéi engen Grënn och ëmmer, do gin se ausgesaat. Heiansdo och op imens oofgeleën Plaazen, mat näischt ronderëm an kënnen do kucken, dass se eens gin!
Dësen net seltenen Szenario huet onweigerlëch dozou gefouert, dass ët imens vill Stroossenhënn an Rumänien gin. Duerch fehlend Sensibiliséirung vun den Autoritéit iwwert z. Bsp. Sterilisatioun, vermehren sech d’Stroossenmuppen natirlech, sou dass et eng scho baal erschreckend Unzuel un Stroossenhënn an Rumänien gët.
Fir déi « Saach » an de Grëff ze kréien, gräift déi öffentlëch Hand éischter op Hondsfänger zereck, déi d’Muppen anfänken an se dann an öffentlëch Asyl (« Public shelters ») stiechen. Ab dësem Moment leeft d’Auer fir dës onschëlleg Kreaturen. Natirlech gin et Gesetzer déi virschreiwen, dass eng aktiv Promotioun soll gemeet gin, fir d’Muppen nees ze vermëttelen. Leider ass Pabeier imens gedëlleg, vill méi wéi der öffentlëcher Hand hiere Portmonni. Et muss ee wëssen, dass eng Weidervermëttlung viraus setzt, dass de Mupp geimpft an gechipt ass. Dëst kascht Geld an léist « den Autoritéiten hiere Problem » net. Si wëllen d’Muppen « lass » gin, egal wéi. Hei kënnt dann elo déi simpel ökonomësch Iwwerleeung op den Dësch: (i) investéieren an Impfung, Chip, Promotioun, Fudder, etc fir vläit eng nei Famill ze fannen oder (ii) Euthanasie an eng nees open Plaaz fir déi nächsten Stroossenhond? An engem vun den ärmsten Länner an der EU ass d’Rechnung schnell gemeet.
Den Beruf « Hondsfänger » ass dobäi och nach zimlech lukratif. An verschiddenen Gemengen kréien se bis zu 50 € pro Hond, waat am Ugesiicht vun engem Mindestloun vun manner wéi 500 € pro Mount imens vill ass. (cf. Eurostat – Statistics explained).
Wéi wäit sou eng finanziell Incitatioun goen kann (entsteht do eng « Industrie » hannendrun?) an wéi déi Incitatiounen iwwerhaapt finanzéiert gët, bleiwt ze klären an Save Snoopy wëll op dëser Plaaz och nët weider dorop agoen. Fir eis steet just een fest: sou eng Behandlung huet keen Déier verdingt an dofir setzt Save Snoopy sëch an fir dëm Ana souvill an souwäit et geet ze hëllefen. Sief et duech finanziell Hëllefen, Sachspenden oder op der Plaaz selwer fir eng Hand mat un ze paacken! Save Snoopy wëll säin Deel dozou bäidroen, fir den Muppen vun Bârlad eng besser Zukunft ze erméiglechen!




