Wéi hëllefen?

Save Snoopy sammelt souwuel Sachspenden wéi och Geldspenden.

Vun all de Spenden déi Save Snoopy kritt, gin verschidden Saachen direkt bei d’Ana gescheckt, sou wéi zum Beispill Decken oder Medikamenter. Aanerer wéi Bicher, DVD’en etc. probéiert Save Snoopy awer och op verschiddenen Märt ze verkaafen, fir déi sou gewonnen Suen fir Medikamenter oder Leckerlien auszegin. Sou oder sou, verspriechen mer, dass alles bei de Muppen zu Bârlad am Last Hope 2 Life Asyl ukënnt.

Déi gespendten Saachen gin dann entweder perséinlech mat a Rumänien geholl oder awer, sou wéi lo nach ganz rezent dank ganz généréisen Spenden, per POST dorowwer gescheckt. Hei konnt Save Snoopy ganzer 6 Këschten voll mat Decken bei d’Ana schecken genau sou wéi eng 700 Leckerlien 🙂

6 Këschten mat Decken an 700 Leckerlien um Wee fir bei d’Ana

Niewt Spenden jeglecher Art, kann een och hëllefen duerch Patenschaften hëllefen. Hei geet et drëms een réigelméissegen Don un Save Snoopy ze maan, deen dono direkt weider un d’Ana iwwerwisen gëtt. Sponsoring ass een imens wichtegen Deel vun der Hëllef, well d’Ana doduech op der Plaaz Fudder kann kaafen an och seng Matarbëschter bezuelen kann.

Des Weideren gin och ëmmer Fleegefamillen gesicht. Fleegefamill ze gin heescht e Mupp fir eng gewëssen Zäitchen bei sech op ze huelen bis dass de Muppes seng Adoptiounsfamill fonnt huet.

Zum Schluss bleiwt dann nach d’Adoptioun, wou duech de Mupp dann bei seng schlussendlech Famill an an säin neit Doheem kënnt. Eng Adoptioun ass sou ze soen eppes duebel wonnerbares. Nët nëmmen kann eng Fellnues endlech den trauregen Deel vun sengem Liewen hannert sech loossen, mais et gëtt och nees eng Plaaz beim Ana fräi, déi dann duech een Mupp aus enger Tötungsstatioun kann ageholl gin. Deemno heescht eng Adoptioun gläich 2 Muppeliewen retten.

Un dëser Stell sief gesoot, dass et keng privilégiéiert Art a Weis fir ze hëllefen. All méiglech Hëllef ass ëmmer ganz häerzlech wëllkomm!

<span>%d</span> blogueurs aiment cette page :
search previous next tag category expand menu location phone mail time cart zoom edit close