Save Snoopy ass 2016 vum Lynn Lepasch gegrënnt ginn. Duerch en Zoufall ass d’Grënnerin a Kontakt mam Ana Grasu Bogos aus Rumänien komm. Eng ganz gutt Frëndin huet hir vum Ana erzielt. Séier war kloer, datt si och wéilt hëllefen. Dofir ass ee vun de primären Ziler vu Save Snoopy dem Ana zu Bârlad ze hëllefen.
Save Snoopy versicht mëttels Geld- a Sachspenden op der enger Säit a mat Vermëttlung op der anerer Säit d’Ana z’ënnerstëtzen. Dobäi ass et awer wichteg ze betounen, datt et vrun allem d’Haaptzil ass sur place z’intervenéieren an net willkürlech Muppen heihinner ze huelen. Wa mir eng gutt Fleegen- oder Adoptiounsfamill hunn, da maache mir dat gären. Allerdéngs wëlle mir vermeiden d’Hënn heihinner ze huelen an herno kënnen déi betreffend Famillen den Hond net huelen an da misst en entweder zeréck a Rumänien oder hei an en Asyl. Vu, datt déi Hënn genuch alieft hunn, soll hinnen dat erspuert bleiwen.
Reegelméisseg flitt Save Snoopy op Bârlad fir ënnert anerem Spende mat ze huelen, déi d’Leit hei zu Lëtzebuerg an an der Ëmgéigend eis mat ginn. Iwwert de Postwee schécken mir natierlech och des Ëfteren Saache bei d’Ana.
Dank senge Partneren hei zu Lëtzebuerg, kann Save Snoopy och réigelméisseg Medikamenter dorower schécken, déi do sou dréngend gebraucht sinn. Un dëser Plaz wëll Save Snoopy och häerzlech senge Partneren ee ganz grousse Merci ginn!
Aktuell besteet Save Snoopy aus folgende Leit:
Presidentin: Lynn Lepasch
Vizepresidentin: Maria Falkner
Sekretär: Marc Petulowa
