D’Ana Bogos ass eng passionéiert Hondsliebhaberin. Alles a senger Welt dréint sech ëm d’Fellnuesen!
D’Ana schafft hallefdaags am Familljebetrib an der Administratioun, déi aner Halschent vun senger Zäit verbréngt d’Ana domat d’Muppen a sengem Shelter ze hegen an ze fleegen.

De Shelter deen d’Ana 2016 eleng opgebaut huet, läit zu Bârlad, eng kleng Stad am Osten vun Rumänien, net wäit ewech vun der moldawescher Grenz. Ugefaangen huet d’Ana mam Bau vun ronn 30 Geheger fir ongeféier 300 Muppen. Mëttlerweil konnt d’Ana, mat der Hëllef vun enger Rei internationalen Organisatiounen, mais och sengem onendlechen Engagement, säin Asyl ausbauen an ass mëttlerweil an der Lag 700 Muppen ze betreien. A sengem Shelter kréien déi Schnuffen net nëmmen eppes z’ iessen an ze drénken, mee och déi néideg medezinesch Hëllef déi se brauchen. Donieft ass natierlech eng riseg Portioun Léift fir d’Muppen ee wichtëgt Element am Ana sengem Alldag.
Eleng packt d’Ana déi ganz Aarbecht natirlech net. Dofir huet d’Ana e puer Leit vollzäit agestallt, déi ee groussen Deel vun den Botz-, Fidder an Ausbauaarbechten iwwerhuelen.
D’Ana hëlt d’Muppe vu verschidde Plazen: entweder fënnt et se op der Strooss, oder awer, an dat mécht de groussen Deel aus, hëlt et se aus de rumäneschen Tötungsstatiounen, hiren ëffentlechen Asyler. Sele ginn d’Muppen bei him ofginn, heiansdo kënnt et fir datt d’Muppen einfach virun d’Dier vun sengem Shelter ausgesat ginn. Am meeschte rett d’Ana Muppen aus Vaslui an zënter kuerzem och aus Hùsi. Et muss ee wëssen, datt déi Muppen, net wéi hei am Land, opgeholl a weider vermëttelt ginn. Déi traureg Realitéit ass, datt wann den ëffentlechen Asyl voll gëtt (wat leider schnell geschitt well d’Hondsfängeraktivitéit zimlech lukrativ fir rumänesch Verhältnisser ass), ginn d’Muppen « entsuergt », ouni eng reell Chance op eng Weidervermëttelung. Theoretesch seet hiert Gesetz, datt se fir d’éischt misse Reklamm maache fir d’Muppen ze vermëttelen. Vu, datt awer hiert Gesetz och seet, datt déi Muppe musse kastréiert, geimpft, gechipt asw sinn, gëtt et de Bedreiwer vun deenen Asyler méi bëlleg, d’Hënn ze euthanaséieren, wéi sech ëm si ze këmmeren an hinnen eng nei Famill ze sichen. Esou en Hondsfänger kritt zu Vaslui plus minus 50 Euro pro Hond, wann een elo bedenkt, datt hire Loyer bei ronn 70 Euro fir en normaalt Appartement läit, dann ass d’Rechnung séier gemaach. Op der anerer Säit ass et méi bëlleg e Medikament ze kafen dat mécht, datt den Hond stierft, wéi sech ëm d’Impfungen, den Chip an d’Kastratioun ze suergen.
Save Snoopy bewonnert dem Ana säin Engagement, seng Gedold a seng Ausdauer a versicht hatt a seng Mataarbechter z’ënnerstëtze wou se kënnen. Mam gemeinsamen Zil de Muppen vu Bârlad eng besser Zukunft ze schenken, sinn d’Ana an d’Lynn, d’Grënnerin an Denkerin vun Save Snoopy, ganz déck Frënn ginn. Op enger gemeinsamer Wellelängt versiche se gemeinsam géint déi schrecklech Ëmstänn virzegoen an d’Bevëlkerung opzeklären, sief dat a Rumänien oder hei zu Lëtzebuerg.


