Sachspenden sin ee ganz wichtegen Bestanddeel vun der Hëllef déi mir kënnen un d’Ana weider gin.
Save Snoopy freet sech iwwert all méiglech Sachspend. Saachen déi direkt fir d’Muppen geduet sin, sou wéi z. Bsp. Fudder, Medikamenter, Decken, oder och nach Lengten, déi gin entweder iwwert den postalechen Wee oder awer och perséinlech bei d’Ana bruet.
Aaner Saachen, déi keen direkten Gebrauch fir d’Muppen sin, déi probéiert Save Snoopy iwwert den Verkaaf op verschidden Märt un de Mann ze brengen. Déi Suen déi sou erakommen, gin dann nees geholl fir Medikamenter oder Fudder ze kaafen, resp. fir de Muppen hier Saachen op d’Plaaz ze brengen.
Falls dir och nach Saachen hudd déi dir dem Zweck vun Save Snoopy gäeren zu Gudds kommen loossen wëllt, dann schreiwt eis ganz einfach iwwert d’Kontaktform hei ënnen drënner. Save Snoopy äntwert normalerweis innerhalb vun engem Daag. Zesummen kucken mer dann wéi d’Saachen dann kënnen bei Save Snoopy bruet gin (entweder mir kommen se sichen oder dir brengt se laanscht:)
Elo schon vun der ganzer Equippe vun Save Snoopy ee imens groussen Merci fir äer Hëllef!
