Bei enger Patenschaft geet et drëms d’Fleeg vun engem oder puer Muppen ze iwwerhuelen. Heifir kënnt dir all Mount ee Betrag op Save Snoopy iwwerweisen an eis soen fir wéi een Mupp dir Iech asetzen wëllt. Save Snoopy iwwerweist déi sou gesammelten Suen dann all Mount dem Ana weider. Des Weideren beinhaltet eng Patenschaft och eng Promotioun vum Mupp, d.h. Werbung fir de Mupp ze maan fir dass deen sou séier wéi méiglech eng nei Famill kann fannen.
Am Moment sin eng ronn 700 Muppen am Ana sengem Shelter an ëmmer nees kommen nei Suergefäll dobäi. Wann dir interesséiert sidd eng Patenschaft ze iwwerhuelen, roden mir iech un d’Facebook-Säit vum Ana ze besichen. Do fannt dir Fotoalben vun den Muppen. Eng Rei vun deenen hun zwar schon eng Patenschaft, mais leider nach net all. Falls Iech een Muppes besonnech an d’Aa sprengt an dir bereed sidd deem Muppes ze hëllefen, kënnt dir Iech ganz gäeren bei eis mellen fir weider Informatiounen.
Firwaat gin d’Suen vun enger Patenschaft dann elo genee benotzt? Majo, d’Fleeg vun engem Mupp beinhaltet nët nëmmen d’Fudder mais och all néideg medizinesch Hëllef déi Äeren Häerzensmupp brauch. Dobäi kommen dann natirlech och de Loun fir dem Ana seng Equipe an den Ënnerhalt vum Shelter selwer. An, mat Hibleck op der grouss Nout an där d’Muppen an Rumänien sin, gët den Shelter och regelméisseg probéiert ze vergréisseren. Do faalen deemno eng ganz Rei Käschten pro Mount un, déi zum Deel och iwwert Patenschaften finanzéiert gin.








