Fleegefamill gin

Fleegefamill gin ass fir ee Mupp en grousse Schratt an e neit, bessert Liewen!

Als Fleegefamill huelt dir ee Mupp fir eng Zäitchen bei Iech op an bereed en op seng nei definitif Famill vir. De Mupp krit esou en éischt Gespier fir säin neit Liewen andeems en bei Iech quasi als Familjenmember opgeholl gët. En léiert nees den Ëmgang mam Mënsch an deem och nees ze vertrauen.

Vertrauen zum Mënsch nees opbauen ass eng imens wichteg an deelweis och schwiereg Hürd fir ee Stroosenhond. Net all Stroossenmupp ass op der Strooss gebuer, mais ganz vill sin einfach op d’Strooss gesaat gin. Deemno hun vill vun deenen Muppen schon schlëmm Erfahrungen duerch Gewalt vum Mënsch an och schwéier Vertrauensbrëch materlieft.

Trotz all deenen schlëmmen Erfahrungen sin d’Stroossenmuppen keng hoffnungslos Fäll. Ganz am Géigendeel! Sie brauchen Halt an virun allem Gedold an Léift. Mat der richteger Art a Weis kann sou zimlech all Mupp « resozialiséiert » gin. An déi ganz Arbëscht déi net nëmmen d’Fleegefamill, mais och déi definitif Famill, mëscht, lount sech op alle Fall: déi Dankbarkeet déi sou Fellnuesen opbrengen an weisen ass onbezuelbar!

Falls dir interesséiert sidd, Fleegefamill ze gin, dann kënnt dir Iech ganz gäeren bei eis iwwert mail mellen. Mir gin Iech ganz gäeren déi néideg Informatiounen déi der braucht.

%d blogueurs aiment cette page :
search previous next tag category expand menu location phone mail time cart zoom edit close