Eng Adoptioun heescht engem Mupp eng nei Chance gin!
Mat enger Adoptioun fängt engem Stroosenmupp säin neit Liewen un. En fënnt nees eng Famill déi him vill Léift gët an en als Familjenmember ugesäit.
Save Snoopy vermëttelt Muppen aus dem Last Hope 2 Life Shelter vum Ana. Nëmmen steriliséiert, gechipten an geimpften Hënn kënnen vermëttelt gin. All dës medizinesch Schrëtt gin natirlech an engem EU-Pass festgehaal deen d’Adoptiounsfamill matkritt.
Falls dir op der Sich sidd no engem neien Familjenmember op 4 Patten an sidd drun interesséiert een Mupp aus Bârlad bei Iech op ze huelen, kënnt dir gäeren d’Facebook-Säit vun Last Hope 2 Life besichen an Iech déi sëllech Fotoalben ukucken. Ween wees, vläit fannt dir jo do Äeren nei tréisten Begleeder 🙂








Zum Schluss sief och nach gesoot, dass een mat enger Adoptioun net nëmmen engem Mupp hëlleft, mais direkt 2 🙂 Jo genau, 2 🙂 Effektif ass et esou dass déi Plaz am Shelter déi Äeren Muppes ageholl haat nees vun engem weider Suergefall aus engem Public Shelter oder engem Stroossenmupp ageholl gët. Sou erméiglecht dir dësem 2ten Mupp den éischten Schratt ze maan a Richtung bessert Liewen!
