Eis rezensten Rees op Bârlad

Save Snoopy war vum 20ten bis den 23ten Februar 2019 beim Ana fir eng Hand mat un ze paken. Aktuell sinn eng geschaten 600 Muppen beim Ana am Asyl an waarden op eng nei Famill. Fir Save Snoopy war et eng grouss Freed konnten esou vill Leckereien, Iessen, Decken an Medikamenter mat ze huelen. An daat alles Dank Ärer Hëllef!

Mam Ana waren mir dann och eemol an déi ëffentlech Asyler, wou mir ellen iwwerrascht gin. Husì (ausgeschwat « Husch ») ass esou eppes wat déi ëffentlech Hand een « Asyl » nennt. Iwwerzeegt iech selwer vun dësem klengen Film: et ass een Dreckstipp (wuertwiertlech ze huelen!!!), wou d’Hënn an knaschteg, ruppegen an vill ze klengen Zwingeren sëtzen!

Public Shelter « Husì ». 26 Muppen sëtzen an 5 vill ze klengen Zwingeren.

Zu Valsui waren mer och. Wuel net op engem Dreckstipp, mais d’Konditiounen sinn do awer och net vill besser:

Hei gesidd dir e puer Fotoen aus dem Ana sengem Shelter. Nieft deenen ronn 600 Muppen, sin och am Moment iwwert 20 Welpen am Ana senger Obhut. Weider Fotoen fannt dir hei.

An och eng Kaz huet sech mëttlerweil bei d’Ana verfuusst. Schwéier ugeschloen an auserhéngert huet dës kleng Maus fräiwëlleg
hier neit Doheem an engem Honds-Shelter gewielt. Och un si ass geduecht ginn 🙂

An zum Schluss vun dësem Beitrag wëll Save Snoopy nach eemol jidderengem deen eis an den Muppen (an der Kaz 🙂 ) vun Bârlad sou kräfteg gehollef huet ee ganz groussen Merci ausschwätzen!!

Votre commentaire

Entrez vos coordonnées ci-dessous ou cliquez sur une icône pour vous connecter:

Logo WordPress.com

Vous commentez à l’aide de votre compte WordPress.com. Déconnexion /  Changer )

Photo Google

Vous commentez à l’aide de votre compte Google. Déconnexion /  Changer )

Image Twitter

Vous commentez à l’aide de votre compte Twitter. Déconnexion /  Changer )

Photo Facebook

Vous commentez à l’aide de votre compte Facebook. Déconnexion /  Changer )

Connexion à %s

<span>%d</span> blogueurs aiment cette page :
search previous next tag category expand menu location phone mail time cart zoom edit close