Save Snoopy ass eng 2016 gegrënnten ASBL déi sech e puer konkret Ziler gesat huet:

- Mir wëllen d’Leit hei an eiser Géigend iwwert d’Situatioun a Rumänien opklären an hinne weisen, wéi et do tatsächlech den Déieren, ganz besonnesch den Hënn geet.
- Weider versiche mir dem Ana Grasu Bogos sengem Asyl Last Hope 2 Life ze hëllefen a si z’ënnerstëtze wou et geet. Weider Detailer zu dësem Asyl kommen nach no.
- An engem weidere Punkt versiche mir hei an an der Groussregioun potenziell Ffleegefamilljen oder definitiv Famillen ze fannen. Dat ass awer kee primärt Zil, et wier allerdéngs schéi wann deen een oder anere Mupp och hei e schéint Doheem géif fannen.
Et sief awer op dëser Plaz gesot, datt et net drëms geet esouvill wéi méiglech Hënn heihinner ze kréien zu egal wat fir Bedingungen, mee fir dem Ana Grasu laangfristeg ze hëllefen.
